Op den Inhalt sprangen

Maurice Deville

Vu Wikipedia
Maurice Deville
Gebuer 31. Juli 1992
Sulingen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 194 cm
Veräin/Ekipp SV Elversberg,
1. FC Kaiserslautern,
Alemannia Aachen,
1. FC Saarbrücken,
1. FC Kaiserslautern II,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Papp Frank Deville

De Maurice John Deville, gebuer den 31. Juli 1992 zu Sulingen an Däitschland, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.

De Maurice Deville koum zu Sulingen bei Bremen, an Niddersachsen op d'Welt gebuer. Säi Papp ass de fréiere Foussballspiller an Nationalspiller Frank Deville, seng Mamm ass Däitsch. De Maurice Deville, deem seng Elteren elo gescheet sinn, ass zu Lëtzebuerg an an Däitschland opgewuess.[1] De Maurice huet nëmmen déi lëtzebuergesch Nationalitéit.[2]

Wärend senger Kandheet koum de Maurice Deville bei de Swift Hesper zu Lëtzebuerg, ier hien an Däitschland geplënnert ass, wou hie beim SC Uckerath, enger Ekipp vun Hennef bei Bonn an Nordrhein-Westfalen, gespillt huet. Wärend engem Match mat enger lëtzebuergescher Jugendnationalekipp gouf den Deville vun engem Scout vun Alemannia Aachen entdeckt. Doropshi koum hie bei d'Jugendekipp vum Club vun Oochenm. Bis 2011 huet hien do gespillt bis hien, nach am selwechte Joer, bei den SV 07 Elversberg am véierte-Niveau Regionalliga West gaangen ass.

A sengem éischte Joer war den Deville e reegelméissege Spiller an huet siwe Goler geschoss. An der nächster Saison huet hien dacks gespillt, awer hie war an nëmme 17 Matcher an der Startopstellung. Virun der Saison 2013/14 koum e bei den 1. FC Saarbrücken ugeschloss, wou säi Papp ee Joer gespillt hat. De Maurice Deville konnt sich fir keng regulär Plaz behaapten. Duerno koum hien an d'Reservekipp vum 1. FC Kaiserslautern, wou hie sech schlussendlech mol behaapte konnt. Ee Joer méi spéit huet hie säin éischte Match fir d'Profisekipp an der 2. Bundesliga gespillt a säin éischte Gol geschoss. Awer erëm ee Joer méi spéit, muss den Deville de Veräin a Richtung FSV Frankfurt verloossen. Virun der Saison 2017/18 huet hien den 1. FC Kaiserslautern endgëlteg verlooss a goung bei den SV Waldhof Mannheim aus der Regionalliga Südwest. An der zweeter Saison huet hie sech do eng Plaz geséchert, an ass mat der Ekipp an d'3 Liga opgestigen.

Zënter der Saison 2020-21 spillt de Maurice Deville erëm fir den 1. FC Saarbrücken.

Lëtzebuerger Nationalekipp

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 15. November 2011 spillt hien och fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Interview mit Maurice John Deville". SV 07 Elversberg (op Däitsch). Sportvereinigung 07 Elversberg e. V. Retrieved 1 August 2021.
  2. Säit 20 am Clubmagazin vum 1. FC Saarbrücken
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Maurice Deville op der Websäit vun European Football